Franz vun Assisi

Infoziedel fir den Oktober 2020

Fir Iech alleguer

  1. Samschdes de 3. Oktober: Scouts-Mass um Prënzebierg fir d’Fest vum Hl. Franz vun Assisi

Dier alleguer, är Elteren a Geschwëster,… sidd häerzlech invitéiert op den Prënzebierg bei de Chalet ze kommen a mat eis des Scouts-Mass ze feieren.

 D‘Mass fänkt um 15:30 Auer un. Duerno gëtt d’Méiglechkeet bei engem Patt nach gemittlech zesummen ze sinn, fir dat neit Scoutsjoer unzefänken.Vergiesst w.e.g. alleguer äre Mask net!

  1. Aktualiséiere vum Membersfichier:

Am Unhang vum Bréif fannt der en Formular wou mir är Kontaktdate froen. Fir eis ass dat wichteg fir de Membersfichier à jour ze halen. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen ,a mir froen den Accord vun ären Eltere fir Photoe vun iech ze maachen. Loosst är Elteren dëse Formular w.e.g. ausfëllen a bréngt en di nächst Versammlunge mat. Falls dir schonn esou ee Formular an der leschter Versammlung ausgefëllt hutt , musst der dat net nach eng Kéier maachen.

Fir d’Biber

Mir hunn eng nei Responsabel Cheftaine, d’Claire Zwick. Dir kennt hat ob der Nummer 691309108 erreechen. Bréngt fir di nächst Versammlunge w.e.g. ëmmer en eegene Bidon mat Waasser mat, an ditt iech dem Wierder entspriechend un, et gëtt jo lo erëm méi kal. Komm di nächst Samschdeger den 03.10 an den 10.10 weise waats du als Cowboy alles kanns. Den 3 Oktober fänke mer normal um 14:00 mat der Versammlung un, an dann um 15:30 h hunn mir eis Scouts-Mass. Do sinn är Elteren häerzlech agelueden och erop op de Bierg ze kommen. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“. Den 10. Oktober hunn mir normal Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. Mir freeën eis är Päerd zum Liewen ze erwäschen.

Fir d’Wëllefcher

Eis Gallier-Abenteuer ass nach laang net fäerdeg. Dëse Samschden den 3 Oktober geet et wieder. Mir fänken normal um 14:00 mat der Versammlung un, an dann um 15:30 h hunn mir eis Scouts-Mass. Do sinn är Elteren häerzlech agelueden och erop op de Bierg ze kommen. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“. De Samschden duerno den 10. Oktober ass dann erëm eng klassesch Gallierversammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. Fir all Versammlunge gëllt: ditt iech dem Wieder no un, wëll mir si vill dobaussen.

Fir d’Avex

Samschdes den 3 Oktober hunn mer Versammlung mat Scouts-Mass vun 14:00 bis ongeféier 16:00 (et ka bëssche méi spéit ginn). Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“. Kuckt fir déi Versammlung e puer Saachen doheem no:

  • hutt dir en Vëlo? (oder kënnt ee vun engem aus der Famill léinen, Brudder, Schwëster, Cousin/e, ..) Wann dir keen hutt, da mellt Iech beim Fränz (691 942 484) da kritt dier ee geléint.
  • kontrolléiert äeren Vëlo op en funktionéiert (Luuchte ginn, kee Platten,…) Beim Reparéiere kënnen äer Chef iech och hëllefen.

De Samschden 10 Oktober maache mir dann en klengen Tour mam Vëlo. Bréngt äre Vëlo an een Helm mat op de Prënzebierg. Mir fueren um 14h lass a komme géint 17h erëm zréck.

Fir d’CaraPio

De Samschden 3. Oktober feiere mer d’Franziskusfest! RDV um 14:00, fir d’Detailer kuckt bei “Fir iech alleguer”.

De Mëttwoch 7. Oktober ass de leschten Delai fir sech fir de Packalu un ze mellen: schreift dem Gilles eng SMS, a schreift och drann wat der vun Allergien hutt. (Fir d’Detailer kuckt hei drënner).

De Samschden 10. Oktober moies gi mer eis RDV fir d’Pabeiersammlung. Kuckt ënnen bei “Fir d’Mataarbechter,…”

De Samschden 10. Oktober owes gesi mer eis méi spéit wéi gewéinlech. Mir starten eis Entreprise Iessen mat engem vun de leckerste Scoutsmenüen déi ee sech virstelle kann: Packalu! Dofir treffe mer eis um 17:30 um Prënzebierg. Mir sinn dobaussen. D’Versammlung ass fäerdeg wa mer all de Bauch gutt voll hunn. Matbréngen: Gamelle, Besteck an eegent Gedrénks.

Fir d’RaRo

De Freiden 2 Oktober treffe mir eis um 20h um Prënzebierg fir d’Montée virzebereeden. De Samschden 3 Oktober hëllefe mir bei der Franziskusmass déi um 15:30 ufänkt, kuckt do bei „Fir Iech alleguer“. Duerfir hu mir keng Versammlung deen Dag. De Samschden 10 Oktober ass moies erëm no laanger Zäit Pabeiersammlung. Rdv um 8:30 bei der Eucosider. Kuckt bei “Fir d’Mataarbechter…” Mëttes ass dann eng klassesch Versammlung.

Fir d’Albatrossen

Eis Versammlung sinn ëmmer de 3ten Freiden am Mount vun 20-22h. Notéiert Iech dat scho mol. De 17-18 Oktober maache mir eise legendäre Montéesweekend fir RaRo déi an d’Alba montéieren. Detailer kommen no. De Freiden 2 Oktober treffe mir eis dofir um Bierg fir dëst Montée virzebereeden. Är Hëllef gëtt natierlech och den 3 Oktober fir eis Scoutsmass an den 10 Oktober fir d’Pabeiersammlung gebraucht.

Fir d’Mataarbechter, Chef,Albatrossen, RaRo, CaraPio

De Samschden 10 Oktober ass Pabeiersammlung. Rdv ass moies um 8:30 um ale Site Eucosider. Denkt drun en Mask matzebréngen an d’Distanzen anzehalen.

Fir d’Chef:

De Méinden 12. Oktober ass Grupperot um 20h am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top