Detailer fir den Trimagesche JoCaPi 2021 zu Dikrech

Léif CaraPio,

Well de Käerjenger Grupp ganz léif offréiert huet, fir eis an hir Ekipp um JoCaPi op ze huelen, kënne mir dëst Joër awer um Trimagesche JoCaPi zu Dikrech deel huelen. Hurrah! Dës Infos si fir déi vun iech déi hir Umeldung vum Gilles per Bréif-Eil (oder SMS) konfirméiert kruten.

Iwwerweist w.e.g. bis e Freiden 9. Abrëll d’Participatiounskäschten:
LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
10€

Vermierk: JoCaPi [Numm vum CaraPio]

Départ 17. Abrëll pünktlech um 08:15 zu Péiteng op der Gare. Vun do fléie mer mat dem Gilles sengem Auto. Keng Angscht, mer benotzen en Onsichtbarkeetszauber fir dass keng Muggel eis gesinn. De Schluss ass zu Dikrech um 18:00 geplangt, rechent dann nach eng Stonn fir eise gemeinsame Wee zeréck op Péiteng.

Mat bréngen:

  • Mask
  • dem Wieder ugepasste Kleeder*, äre Foulard, an e giele Warngilet
  • Gedrénks (grousse Bidon) a Picknick fir de ganzen Dag: wéinst Covid-19 Restriktioune muss jidderee säin egene Proviant dobäi hunn. Z.B. Bertie Bott Bounen, Fielsekichelcher, oder Wiergzongen-Toffee.
  • Bic a Block, Täschemesser
  • Kompass, wann der een hutt
Bild: harrypottercanon.wikia.com

*Dir kënnt net egal wat un doen! Mir représentéiere schliesslech dat bescht vun allen Haiser, Hufflepuff! Mir si bekannt dofir loyal, buedemstänneg a vertrauenswierdeg ze sinn. Dat weise mer duerch eis Faarwe giel a schwaarz, an duerch eist Maskottchen, dem Dachs. Ditt iech also un wéi et sech fir eng Hex oder en Zauberer passt (Zauberstab net vergiessen). Am beschten an de Faarwe giel a schwaarz (Schal, Box, Strëmp etc.)

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top