Infobréif JoCaPi Walkäla 2022 zu Käl

Un alleguer d’Wikinger an hier Anführer aus de CaraPio-Héichten!

All Fréijoer léist de grousse Gott Odin déi daperste Fraen a Männer aus dem ganze Land zesummekomme fir si op bei de grousse Spiller vun der Jocapi op d’Prouf ze stellen. Am Walkäla – dem grousse Kämpferpalast – kommen si am fréie Moien zesumme fir d’Gëtter ze begréissen, ier si sech dann op de Wee maache fir déi éischt Prüfungen ze bestoen.

Fir dass den Undrang bei de Prüfungen net ze grouss gëtt hält den Odin drop, dass déi verschidde Sippen zäitversat am Palast ukommen, wou si mat schwaarzem Gold an engem Hallefmound gestäerkt ginn.

D’Péitinger Sipp trëfft sech den 9. Mee um 8:15 zu Péiteng op der Gare. Vun do aus fuere mer mat dem Gilles sengem Donnerwon (zwou Geessestärkten!) op Käl. Bréngt eng Mask mat fir den Trajet am Auto.

Awer opgepasst! Fir an der grousse Palast eragelooss ze ginn mussen alleguer d’Kämpfer nom Dresscode WWW** gekleet sinn: Wëlle Wikinger goes Walkäla. Wikinger-Truecht, Krichsbemolung, Foulard, Klenge Rucksak, gefëllte Bidon, Messer, Bic a Pabeier. Et ass och virgesinn, dass wärend dem laangen Zwielefkilometermarsch reegelméisseg d’Gëttin Saga ugebiet gëtt. Dëst natierlech zäitgeméiss via Whatsapp, dofir “Be prepared”.

Iwwer Mëtteg zéien sech déi daper Wikinger dann an de Walkäla zeréck fir sech e bëssen auszerouen an ze stäerken. Fir Speis an Trank suergen d’Gëtter. Esou laang dir am Walkäla sidd, kënnt dir déi aner Sippen zum Duell opfuerderen an esou weise wat dir kënnt.

Duerno geet et weider mat enger zweeter a leschter Ronn Prüfungen. Zeréck am Walkäla gëtt dann déi beschte Sipp gekürt an an de Rang vun de Gëtter erhuewen. Si kréien d’Chance am nächste Fréijoer dem Odin bei der Selektioun vun de beschte Wikinger ze hëllefen. Fir e gudden Androck bei de Gëtter doheem ze maachen, sollt dir och äert Krichsmaterial wärend de Pausen op Fordermann bréngen. Dofir muss all Sipp Wuesmolstëfter mat am Gepäck hunn. [De Gilles bréngt déi mat.]

Ier d’Wikinger Walkäla nees verloosse fir zeréck an hir Heemecht ze goen kënnen si nach e puer matbruechte Goldpärelen géint e Wupp an e Zaubertrank antauschen. Wikingerlatäin an Blasphemie ass hei iwwregens erwënscht.

Retour op der Péitenger Gare ass am fréien Owend.

Vill Spaass!

De Sekretär vum Odin

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top