Infoziedel bis den 15 Oktober 2022

Fir Iech alleguer :

  1. Samschdes de 8. Oktober: Franziskusmass um Prënzebierg an Aweiung vun der Plaquette

Dir alleguer, är Elteren a Geschwëster,… sidd häerzlech invitéiert op den Prënzebierg ze kommen a mat eis des Scouts-Mass ze feieren. Di Mass gëtt zu Éieren vu verstuerwene Memberen aus eisem Grupp gehalen.  D‘Mass fänkt um 15:30 Auer wärend der Versammlung un, fir dat och d’Kanner dorun deel huele kennen. Um 17h gëtt di nei Informatiounsplaquette op der Kapell feierlech mat enger Delegatioun vun der Gemeng ageweit. Duerno gëtt et e klengen Éierewäin mat Gegrills , gesponsert vun der Gemeng fir dat mir gemittlech zesummen dat neit Scoutsjoer ufänke kënnen.

Mir bieden d’Elteren, d’Chef, d‘Guildememberen an all aner Besicher hir Autoen ënne bei dem ale Site vun der Eucosider stoen ze loosse fir dat mir uewe beim Chalet Platz hunn!

Wann ee vun Iech net gutt ze Fouss ass, kënnt Dir d’Claire (691683999) uruffen, da fanne mer eng Léisung mat Navette-System.

Fir op de Kalenner:

  1. National Commemoratioun de Sonnden 9 Oktober

Haalt Iech dee Sonnde Moie schonn emol fräi, Detailer zum Oflaf kommen no soubal de Programm offiziell kommunizéiert gëtt.

  1. Montées-Weekend de Weekend vum 29-30 Oktober : Detailer kommen am nächste Bréif

Fir d’Biber

Den 01. a 15. Oktober hunn mir wei gewinnt Versammlung vu 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Mir fänken do eisen éischten Aascht (Thema) zesummen un. Also freet iech ob eng spannend Versammlung zum Thema Reptilien. Dir kennt och gären ëmmer nach Kolleege matbrénge bei eis ass jidderee wëllkomm. Den 8 Oktober hunn mir Versammlung um 14.00 um Bierg, di Versammlung dauert e méi laang well mir um 15:30h  bei der Scouts-Mass matmaachen. Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“. D’Eltere kënne bei der Mass matmaachen, en Patt mat eis drénken an d’Kanner duerno mat heem huelen.

Fir d’Wëllefcher

D’Scoutsjoer geet erëm un, a mir hoffen dir sidd genausou motivéiert wéi mir ?Elo esou knapp no der Montée fänke mir erëm mat engem neie „Trail“ un. Dat heescht mir hunn e puer Versammlungen noeneen zum gläichen Thema. Déi nächst puer Wochen, den 1. 8. a 15. Oktober geet et bei eis em de Broot, … Droot oder wei och ëmmer deen Höhlenmensch geheescht huet. Loosst iech iwwerraschen. Mir treffen eis allkéiers um 14h um Prënzebierg. Denkt drun den 8 Oktober dauert eis Versammlung méi lang wëll mir um 15:30 bei der Scouts-Mass matmaachen. . Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“. D’Eltere kënne bei der Mass matmaachen, en Patt mat eis drénken an d’Kanner duerno mat heem huelen. Bis denne, är Lieblingschef.

Fir d’Avex

Mir hunn di nächst Wochen , den 1, 8 an de 15 Oktober normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.  De Samschden 1 Oktober ass och nach moies Pabeiersammlung, fir déi di wëllen ass do Rdv um 8:30h bei der Eucosider. Den 8 Oktober fänkt eis Versammlung normal um 14h un mee dauert méi laang wëll mir um 15:30 bei der Scouts-Mass matmaachen. . Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“. D’Eltere kënne bei der Mass matmaachen, en Patt mat eis drénken an d’Kanner duerno mat heem huelen.

Fir d’CaraPio

Denkt drun iech fir d’Versammlunge bis Freides um 14:00 per SMS un ze mellen.

E Samschden, 1. Oktober moies hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail wieder ënnen. Dono gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

E Samschden, 8. Oktober hëllefe mer ab 14:00 beim Opriichte fir d’Franziskusfest an d’Aweihung vun der Plaquette fir déi gefale Scouten. Liest den Detail weider Uewen.

E Samschden, 15. Oktober gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Fir an äre Kalenner: eise Montées Weekend ass vum 29-30 Oktober.

Fir d’RaRo

De Samschden 1 Oktober  ass moies Pabeiersammlung um 8:30 ass RDV um ale Site Eucosider. Nomëttes bereede mer an der Versammlung de „Kéiskapp“ zesumme mat de Membere vun der RaRo-Ekipp vir. Do wier et wierklech gutt wann vill vun eise RaRo vertruede wieren. Den 8 Oktober hëllefe mer bei der Franziskusmass an dem Patt duerno. De 15 Oktober hunn mir normal Versammlung.

Fir d’Chef

De Mëttwoch 5 Oktober ass Grupperot um 20h.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 01 Oktober ass Pabeiersammlung. Rdv ass moies um 8:30 um ale Site Eucosider. Merci fir är Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top