Commémoratioun
Dëst Informatioun hat et leider net méi rechtzäiteg op de leschten Infoziedel geschafft, duerfir elo hei d’Ajoute:
Sonndes den 9. Oktober: Journée de la commémoration nationale zu Rodange
Mier gesinn eis an Uniform um 9:45 Auer um Busarrêt „ Moartplaz“ zu Péiteng, wou mer d’Busnavette bis op Rodange huelen. Um 10 Auer versammelen d’Veräiner sech virum Hall sportif an da geet et am Cortège bis bei d’Monument aux morts fir di offiziell Gedenkzeremonie. Duerno ass um 10:45 Auer nach eng feierlech Mass. Géint 12 Auer kennen d’Kanner zu Rodange ofgeholl ginn, oder si komme mat hire Chef mam Bus erëm zréck op Péiteng.