Faarfpudder selwer maachen

CC BY-NC-SA Kshitiz Anand
CC BY-NC-SA Kshitiz Anand

D’CaraPio brauchen demnächst Faarfpudder fir ze schéissen deen der Ëmwelt natierlech net schuede soll. Hei ass “d’Rezept” wou zesummegesat ass vun den Iddien hei an hei.

Du brauchs:

  • 500g Maismiel / Maisstärkt
  • 100-125ml Waasser
  • 1 kleng Fläsch Liewensmëttelfaarf
  • 1 grouss Schossel
  • Plastikshändsche (optional)
  • 1 Ziploc Plastikstuut
  1. Mësch d’halschent vum Waasser mat Faarf an dem “Miel”.
  2. Maach lues a lues méi Miel dobäi währends de réiers.
  3. Wann et ze déck gëtt, maach nees Waasser dobäi. Um Enn soll eng déckflësseg Mass eraus kommen.
  4. Wann et ze schwéier ze réiere gëtt, déi d’Händschen un an mësch alles mat den Hänn.
  5. Stell d’Schossel 2-3 Deeg an de Frigo.
  6. No den 2-3 Deeg, hëtz däin Uewen op 180 °C.
  7. Verbreed deng faarweg Mass op engem Bakblech.
  8. Maach den Uewen AUS a setz de Blech drann. Looss d’Dier e bëssen op. Sou kann d’Fiichtegkeet eraus zéien.
  9. No 30 Minutten: huel de Blech eraus a looss alles ofkillen.
  10. Sift de Pudder fir d’Klompen eraus ze kréien. Du kanns och alles mam Mixer réiere fir d’Klompe kleng ze maachen.
  11. Maach alles an d’Plastikstuut fir dass et net nees fiicht gëtt. Fäerdeg!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top